Non ti piace? Non importa! Puoi restituire gli articoli fino a 30 giorni
Non puoi sbagliarti con un buono regalo. Con il buono regalo, il destinatario può scegliere qualsiasi prodotto della nostra offerta.
Fino a 30 giorni per il reso
Ganzer fënnef Sekonnen ass et ganz roueg an der Kiche vun der Villa Kuddelmuddel. Dono doen der zwee ganz haart Kreesch. Et sinn den Tommy an d’Annika, déi vu Freed jäizen. Den Här Nilsson, deen um Dësch sëtzt a probéiert sech Botter op den Hutt ze schmieren, kuckt ganz paff op. Nach méi paff ass en, wéi e gesäit, dass d’Pippi, den Tommy an d’Annika Hand an Hand ronderëmdanzen. Si danzen a jäize sou benzeg, dass d’Plafongsluucht op de Buedem fält.D’Pippi ass op der ganzer Welt bekannt ‒ ob als Pippi Långstrump, als Pippi Langstrumpf, Pippi Longstocking, Fifi Brindacier, Bibi Meia-Longa oder Pippi Calzelunghe. Elo läit den drëtte Band vun der berühmter Kannerbuch-Trilogie vum Astrid Lindgren fir d’éischte Kéier op Lëtzebuergesch vir.Fir den Tommy an d’Annika geet en Dram an Erfëllung: Si däerfe mam Pippi op d’Kurrekurreduttinsel seegelen, wou hatt Prinzessin soll ginn. Mee an der Südséi lauere Geforen, déi hinnen an dësem Moment nach net bewosst sinn …
Ciao! Sono Libroamiko, il tuo consulente di libri.
Come posso aiutarti?